Loscht op en neie Look? Ferber Hair&Style sicht Iech zesumme mat 13 anere Kandidaten(innen) fir sech komplett ëmzestylen ze loossen.
Ob Mann oder Fra, sidd Dir bereet fir bei enger kompletter Transformatioun matzemaachen an zesumme mat Ärem Liblingscoiffeur Äre perfekte Look ze fannen?
Coupen, Bäert, Colorations, Balayages, Extensions, Lissage au tanin, Coloration végétale,… alles ass mat derbäi !
14 Hairstylisten vu Ferber Hair&Style këmmere sech jeeweils em ee Kandidat fir de grousse Shooting de 7. November (deen Dag scho fräi halen !) an der Hair’Cademy zu Bascharage.
No engem professionelle Fotoshooting gëttfir de beschte Look online gevote an de Gewënner erwaart e Bong vu 400 Euro bei Ferber Hair&Style an nach ee 400 Euro Bong bei Hairshop.lu.
Ech sinn eng ganz passionéiert Persoun. Ech hu meng Aarbecht gär, ech verloosse gäre meng Comfortzone a reese ronderëm an der Coiffeurs-Welt. Bei mir sidd dir richteg wann dir gären eng Verännerung hutt. Dir wëllt gären ären Look veränneren oder dir hutt eng eng Draamfrisur da sidd Dir bei mir genau richteg.
Mäin Apprentissage hat ech bei Ferber gemaach, sinn du fortgaange bei en anere Coiffeur a sinn elo nees zréck bei Ferber. Wat ech super fannen ass dass et ëmmer vill interessant Formatioune ginn an dass een domadder schnell e ganz gudde Coiffeur gëtt an all Wënsch vun de Cliente kenn realiséieren op Faarf, Mèchen oder Extra Wënsch : alles ass méiglech!
Coiffeur ze sinn ass net nëmmen eng Aarbecht fir mech, et ass eng Passioun. All Client ass eenzegaarteg an all Client huet en anere Stil. Dofir trainéieren ech mech ëmmer weider a verschiddenen Techniken fir se besser un eise Clienten unzepassen. Natierlech ass et fir mech méi einfach, dëse Know-How un eis Apprentien weiderzeginn, e Know-how, deen net däerf verluer goen, a mat zukünftege Coiffeuren oder Coiffeure gedeelt soll ginn.
Ech sinn den Iago, passionéiert a mengem Beruff. Virsuerglech a Perfektionistesch, sou géif ech meng Aarbecht beschreiwen. Mäi Zil? D’Erwaardunge vu menge Clienten ze iwwertreffen a hinnen eng aussergewéinlech Erfarung ze bidden.
Ech hu meng Léier bei Ferber ugefaange wéi ech 15 Joer al war an zënterhier ass d’Coiffure meng Passioun. Ech schneide ganz gären Härencoupen a soen de wuschelege Bäert de Kampf un.
Meng laangjäreg Erfahrung a meng Leidenschaft fir Coiffure, drécke mech ëmmer nees derzou néi Erausfuerderungen unzehuelen an meng Kreatiounen ze boosten. Ech si frou hei kenne matzemaachen an Iech eng nei Coiffure ze kreéieren mat deier dir sécher vill Komplimenter kritt.
Ech sinn eng begeeschtert d’Coiffeuse zënter ganz jonkem Alter. Meng Spezialitéit si Faarwtechniken, ech lauschtere gär op d’Bedierfnesser a gi gären op d’Wënsch vu menge Clienten an. Ech subliméieren se, ginn hinne gären déi néideg Coiffure déi si eenzegaarteg maachen.
Ech sinn d’Nadine, ech sinn 29 Joer al. Ech si beim Ferber zanter menger leier an dat säit 12 Joer elo. Coiffeur sinn ass net nëmmen eng Aarbecht, et ass eng richteg Passioun.
Ech sinn haaptsächlech spezialiséiert op Faarwen an technesch Aarbechten.
D’Liewen ass schéin a brünette, rosa, beige, blond … an ech sinn dofir zoustänneg Iech schéin ze maachen. Meng gréisste Satisfaktioun ass äert Laachen.
Duerch eng Passioun fir Moud, war et fir mech offensichtlech dodrunner meng Karriär ze maachen. Coiffeur ze sinn erlaabt mir meng Kreativitéit auszedrécken, meng Cliente beroden an hëllefen de beschten Frisurenchoix ze treffen, dobäi Moud, Morphologie a de Goût vum Client ze respektéieren. Wat interessant ass u menger Aarbecht, ass datt Trends dauernd änneren an et muss en ëmmer un den neien Techniken interesséiert sinn. De Know-how, den ech iwwer d’Jore geléiert hunn, erlaabt mir Clienten déi no Berodung an Ännerung sichen eng Qualitéitsexpertise « Sur-mesure » unzebidden.
Zënter menger Jugend hat ech eng Bewonnerung fir Barbieren, do hunn ech ugefaange d’Hoer vu menge Frënn doheem ze schneiden. Wéi ech 20 war, hunn ech decidéiert an d’Welt vun de Barbieren anzegoen, fir mech em Hoer a Baart ze këmmeren. Well e Barber ass net nëmmen do fir d’Hoer ze schneiden, et ass eng Fro vun der Suergfalt, et geet drëms gären ze hunn wat mir maachen, et geet drëms ze observéieren an no ze lauschteren. E gudde Barbier ass deen deen déi verstoppte Schéinheet an all Mënsch eraushieft.
Ech si säit 12 Joer am Metier a passionéiert, meng Spezialitéit sinn déi verschidde Faarwtechniken : Balayage, Babylights, Crêpage, Ombré, Tie&Dye, Painting, Airtouch, an nach vill méi. Ech subliméiere gäre meng Cliente andeems ech Liicht an d’Hoer mat menger vill Kreativitéit bréngen. Love is in the Hair
Fir mech ass et wichteg dass Cliente sech a Sécherheet spiert, dowéinst ass e gudden Dialog immens wichteg. Wat ech gären a mengem Metier maachen ? Ech schaffe ganz gäre mat laangen Hoer, maachen gäre flott Chignonen a sinn awer och passionéiert vun extraordinäre Coupe, dowéinst sinn ech och Formateur fir eis eege Schneid-Techniken « Fundamentals ».
Coiffeuse ze sinn ass meng Leidenschaft. Duerch de Beruff kann ech d‘Leit begeeschteren an zu hirem Wuelbefanne bäidroen. Als Coiffeur hunn ech och Chance mol ze hëllefen, wou et u Selbstbewosstsi feelt oder mol een eng Opmonterung brauch. Mäin Beruff gëtt mir Méiglechkeet, d‘ Schéinheet vun all Eenzelen z‘ënnersträichen a genee dat mécht mech glécklech an zefridden. De Beruff huet einfach alles: Kreativitéit, Weiderbildung a Begeeschterung. Meng Begeeschterung läit am Beräich Fierwen… wei zum Beispill Balayage a Babylights.
Wat ech mat mengen 31 Joer vun engem jonken Alter u geléiert hunn als passionéierten an engagéierte Coiffeur ass datt Erfolleg d’Zomm vun all déien klengen Efforten ass, déi en Dag fir Dag widderhëlt.